Wee mer sin .....

De Veräin “Fotosfrënn-Käerjeng” ass aus der Passioun fir d’Fotografie an dem Wonsch entstanen, lokal Fotografiefrënn zesummenzebréngen.

Gegrënnt gouf de Veräin de 17.Mäerz 2017 an der Gemeng Käerjeng, mat dem Zil, Hobbyfotografen eng Plattform fir den Austausch an d’gemeinsam Weiderentwécklung ze bidden.

Nieft reegelméissegen Treffen a Workshops organiséiert de Veräin Ausstellungen a Fotowalken, fir d’Kreativitéit an d’Handwierkskonscht vun de Memberen ze fërderen. Sou dréit de “Fotosfrënn-Käerjeng” aktiv zur Stäerkung vun der lokaler Fotokultur bäi.

D’Léieren an den Ëmgang mat der fotografescher Praxis steet am Vierdergrond vun eiser Aarbecht. Mir verbrénge gemeinsam vill Zäit vun eiser Fräizäit fir eis fotografesch Interesse besser verwierklechen ze kënnen.

Zu de bekanntsten Aktivitéiten zielen de „Salon d’auteurs“ souwéi de „Kaerjenger Fotosdag“ déi all Joers am Käerjenger Treff stattfannen.

All Joers och organiséiere mer mat Serbien a Portugal den internationale Concours „Focal Point Circuit“.